Iwwerstonne mussen am Fondamental an am Secondaire besser bezuelt ginn!
Iwwerstonne spillen esou wuel am Enseignement fondamental wéi och am Enseignement secondaire eng gréisser Roll. Opgrond vun der chronescher Penurie un Enseignanten ass d’Unzuel vun de geleeschten Iwwerstonnen an deenen zwee «Ordres d’Enseignement» beträchtlech a si riskéiert och an deene kommende Jore weider zouzehuelen.
Fakt ass, dass d’Indemnisatioun vun den Iwwerstonnen zënter e puer Joer am Fondamental an am Secondaire no der selwechter Formel berechent gëtt.
Fakt ass och, dass en Enseignant oder eng Enseignante, déi eng Iwwerstonn leeschten, zwou Méiglechkeeten hunn, fir dës Méiaarbecht honoréiert ze kréien:
Entweder
- kënnen den Enseignant oder d'Enseignante sech d’Iwwerstonn ausbezuele loossen
oder awer
- hien oder si kënne sech d’Iwwerstonn nom modifizéierte Gesetz vum 1. August 2018 «portant fixation des conditions et modalités d’un compte épargne-temps dans la Fonction publique» op de «Compte épargne-temps CET» setze loossen.
An elo komme mir dann zum Kär vum Problem:
Eigentlech missten déi uewe genannten Optioune fir d’Bezuelung quivalent sinn, mee dat ass awer net de Fall. D’Optioun, sech d’Iwwerstonnen op de CET setzen ze loossen, ass definitiv vill méi favorabel wéi déi, sech d‘Iwwerstonnen ausbezuelen ze loossen.
An dat geet an eisen Aen definitiv net!
Mee firwat ass dat dann esou?
Fakt ass, dass bei der Berechnung vum Ausbezuele vun den Iwwerstonnen e «Facteur correcteur» vu 36/52stel an d’Spill kënnt, deen alleguer d’Vakanzen erausrechent. Dëse «Facteur correcteur» gouf am Joer 1981 an der Rumm vun der Stolkris ageféiert an et kann een d‘Daseinsberechtigung vun dëser Mesure hautdesdaags unzweiwelen. D’Applikatioun vum «Facteur correcteur» huet als Konsequenz, dass eng geleeschten Iwwerstonn méi schlecht bezuelt gëtt wéi eng regulär Stonn, déi een am Kader vu senger Tâche leescht. De «Facteur correcteur» vu 36/52stel gëtt awer net applizéiert, wann een d‘Iwwerstonn op den CET setzt. Do ass eng geleeschten Iwwerstonn och herno eng Stonn wäert.
D’Féduse-Enseignement/CGFP an den SNE/CGFP fuerderen dofir d’Ofschafe vum «Facteur correcteur» vu 36/52stel bei der Indemnisatioun vun den Iwwerstonnen.
Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant