Artikelen aus eisem Bulletin
Aktivitéiten
2021
Trëppeltour Raschpëtzer – e Réckbléck
En Dënschdeg den 1. Juni 2021 hu sech eng Handvoll Memberen um Parking am Walfer Bësch op hallwem Wee fir op de Stafelter getraff, fir e Bauwierk kucken ze goen, dat de meeschte Lëtzebuerger kee Begrëff ass: d’Walfer Raschpëtzer. Bei beschtem Wieder si mir duerch de Fréijoersbësch getrëppelt; dobäi huet eise Guide vum Walfer SIT, den Här Guy Medinger, eis an d’Thematik vun dëse réimesche Vestigen agefouert. Eng ganz Rei vun de Rätselen em dës Bauwierker krute mir an de folgenden dräi Stonne geléist: firwat déi Pëtzer gebaut goufen a firwat grad hei? Wéi d’Réimer sech ugeluecht hunn, fir ouni Maschinnen a Computer trotzdeem d’Riicht ze behalen? A firwat d’Pëtzer wärend Joerhonnerten an de Vergiess koumen?
Aner Rätselen awer bleiwen. Firwat schwätzen d’Leit zënter éiwegen Zäite vu Pëtzer, wou een dach bis an d’80er-Jore vum leschte Joerhonnert just Lächer am Bëschbuedem gesinn huet? A wou kënnt dat Wuert «Rasch» hir?
Obschonn ënnerwee eng ganz Rei Erklärungstafelen zum Thema stinn, ware mir eis eens, dass déi beschten Tafel, déi geneeste Skizz an den detailléiertsten Text d’Erklärunge vun engem Guide, bal hätt ech geschriwwen, vun enger Léierpersoun, net ersetze kënnen.
![]() |
![]() |
![]() |
Mettez à jour votre navigateur pour afficher correctement ce site Web. Mettre à jour maintenant