Syndicat National des Enseignants - www.sne.lu   sne infomail du 04.02.2019.
2
  Léif Memberen,

Mir loossen Iech heimat eng Carte Blanche op RTL-Radio vum Francis Schartz iwwert den Enseignant an eiser Gesellschaft zoukommen.

Mat syndikalistesche Gréiss,
de Comité central vum SNE/CGFP

2
 

   
       RTL-Radio

    Carte Blanche vum Francis Schartz :
    Den Enseignant an eiser Gesellschaft

 

2
  *Francis Schartz *
 

 

Wat ass de Stellewäert vum Enseignement an den Enseignanten an der Lëtzebuerger Gesellschaft? Si mir eis der Komplexitéit vum Schoulhalen an der Lëtzebuerger Schoul bewosst ?

De Regierungsprogramm ënnersträicht, datt an deenen nächste Joren déi sëlleche Reformen, déi an der leschter Legislaturperiod am Enseignement agelaut gi sinn, solle gefestegt an ausgebaut ginn. Mee ee vun de Problemer, deen de Lëtzebuerger Schoulsystem huet, léisen all dës Reformen an Initiativen net, nämlech de Stellewäert vum Enseignement an den Enseignanten an der Lëtzebuerger Gesellschaft.

An deene Länner, déi ëmmer an allen internationalen Etüden, wéi zum Beispill der Pisa-Etüd, déi éischt Platzen anhuelen, genéissen d’Enseignanten een héije Stellewäert. A wéi ass et bei eis? Vill Leit gesinn an de Léierinnen, Schoulmeeschteren a Proffen d’Schmarotzer vun der Gesellschaft: Eng déck Pai, vill ze vill Vakanz, vill ze wéineg Schaffstonne pro Woch an zum Deel net kompetent fir hiren Job.

Dës Leit si sech dem komplexen Job vum Enseignant am Allgemengen a vum Lëtzebuerger Enseignant am Besonneschen net bewosst.

Déi zolidd Ausbildung, déi d'Enseignanten aus alle Bildungsberäicher genéissen an déi sëlleche Weiderbildungsofferen, sinn néideg, fir si ze befäege virun enger Klass ze stoen an där Kanner oder Jugendlecher sëtzen aus ganz verschiddene Kulturkreesser, mat zum Deel schwierege soziale Verhältnisser am Elterenhaus, déi och nach verschidde Mammesproochen hunn, respektiv keng vun eise gängege Sprooche beherrschen.

An da solle si och nach jidderengem vun dëse Kanner eppes bäibréngen an nach laang net egal wat. D'Programmer, déi jo derzou solle féieren, datt jiddwer Schüler, déi vun der Gesellschaft an den Entreprise gefuerdert Kompetenzen entwéckelen, sinn alles Anescht wéi einfach ëmzesetzen, an dobäi soll jo kee Schüler op der Streck bleiwen a jiddwer Kand, mat oder ouni Handicap, an d'Klass a spéider an d'Gesellschaft integréiert ginn.

Leider muss och d'Schoul een Deel vun deenen Aufgaben iwwerhuelen, déi fréier selbstverständlech vum Elterenhaus geleescht gi sinn, nämlech déi elementar Erzéiung vun de Kanner a Jugendlechen. Wéi vill Kanner kommen an d'Schoul, déi vu follege keng Anung hunn, déi nach ëmmer hiren eegene Wëllen hunn dierfen duerchsetzen, a fir déi Héiflechkeet absolut kee Begrëff ass.

Verschiddener di sech och schwéier dermat, fir d'Autoritéit vun enger Fra unzëerkennen a mussen eréischt an der Schoul léieren, dat si och enger Fra musse follegen.

Datt keen Enseignant dat alles aus dem Stee schléit, mä vill Virbereedungs- a Nobereedungsaarbecht verlaangt, ouni emol vun deem administrativen Opwand ze schwätzen, deen déi nei Reforme mat sech bruecht hunn, soll ee bedenken, wann een iwwert d'Aarbechtszäit vun den Enseignanten hierfält.

Déi vill Burnoute beim Léierpersonal an de Mangel un Enseignanten, dee sech besonnesch am Fondamental breet mécht, si Beweiser derfir, datt de Beruff vun Enseignant haut éischter enger Beruffung, wéi engem Dramberuff gläich kënnt.

An dach fanne vill Enseignanten, datt si ee vun deene schéinste Beruffer vun der Welt hunn. Si si sech bewosst wéi wichteg a wéi schéin et ass, fir de Kanner an de jonke Leit ze hëllefen, sech zu engem engagéierten a kompetente Member vun eiser Gesellschaft ze entwéckelen.

Kommt mir leeschten all eise Betrag dozou, dat den Enseignanten hir Missioun reusséiert, andeems mir zu eiser Schoul stinn an d'Enseignanten an hir Aarbecht respektéieren.

* Pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften

2

 

SNE / CGFP - Syndicat National des Enseignants - 481118-1
 
1
www.sne.lu 1 adhérez au syndicat SNE/ CGFP
  > sne@sne.lu