sne infomail : 28 sept 08
        
sne infomail : 28 sept 08

 sne infomail : 28 septembre 2008

 Avis un eis Memberen !
 E grousse Merci
...
  
  

   
www.sne.lu
sne@sne.lu
___________________________________________________________________________________________
         
 

  


Avis un eis Mëmberen
!

E grousse Merci un déi vill Léierinnen a Schoulmeeschteren, déi beim Vote iwwert d’Regierungs-propositioun matgemaach hunn : 76,50% vun eisen Mëmberen am aktiven Dengscht géint 54% beim SEW.

D’genau Resultat vum Vote beim SNE gesäit esou aus :
1352 fir d’Unhuele vun der Propositioun ( = 58,58% vun engem Total vun 2308 )
 902 dergéint a fir e Streik (= 39,08%)
   54 blanc ( = 2,34%).

Domat ass de Streik vun de Schoulmeeschtere vum Dësch !

Mir wollten e Gesamtresultat vun alle Léiereinnen a Schoumeeschtere présentéieren, wat awer net méiglech war, well d’Kollege vum SEW ofgewénkt hunn wéinst e puer Divergenzen, wat d’Appréciatioun vum „Package“ ubelaangt.Mat den Äentwerten vum SEW wier d’Gesamtresultat insgesamt op resp. 55,6%  fir d’Unhuelen an 42% dergéint ausgelaf.
Heimat huet sech nach eng Kéier d’Representativitéit vum SNE confirméiert.Sou kämpferesch wéi donneschdes, den 18. September, d’Informatiounsversammlung ofgelaf ass, sou enttäuschend muss et awer och sinn net méi Äentwerten vu sengen eegene Memberen ze kréien : Beim Gesamttotal kommen 12% Äentwerten vun SEW-Mëmberen an 88% Äentwerten vun SNE-Mëmberen.

Zu de Propositioune vun der Regierung :

  1. Eist Haaptzil, an zwar de Reclassement an d’Carrière supérieure ass erreecht ginn; et trëtt bei der nächster Rentrée 2009 a Kraaft zesumme mam neie Schoulgesetz. Zu deem Zäitpunkt kommen och déi éischt Schoulmeeschteren mat Bachelor-Diplom an de Beruff. Et ass eis hei bei grousse Bedenke vun der Regierung awer gelongen all Schoulmeeschteren direkt an d’Carrière supérieure E5 ze klasséieren, wou si de Reclassement eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt accordéiere wollten. Fir déi jonk (déi zukünfteg an déi lo schonn do sinn) bedéngt dat eng Steigerung vum Ufanksgehalt vun 12,1% dès le départ. Si hunn also keng Nodeeler par rapport zu deenen, déi schonn am Déngscht sinn, au contraire, wat d’Masse salariale globale ubelaangt, profitéiere si logescherweis am meeschte, vu datt si vun Ufank un am E5 sinn. An trotzdem wäerte mir eis asetzen, datt am Kader vun der Bachelor-Diskussioun eis Carrière nach eng Kéier iwwerduecht gëtt. Duerzou gehéiert och eng Validation des acquis professionnels vun deenen, déi elo schonn am aktiven Déngscht sinn.

  2. Wat d’Tâche ubelaangt, si vill Enseignanten onzefridden iwwert dat, wat hinnen an Zukunft u Méiaarbecht zougemutt gëtt. D’Zukunft muss weisen, op een dat gemeeschtert kritt. Net vergiessen däerf een an deem Kontext déi zukünfteg Autonomie vun de Schoulen, d’Schaffen an Equipen, d’Organisatioun a Cyclen, asw. Durch méi individuell Hëllef soll méi op d’Besoinë vun eenzelne Kanner agaange ginn an et ass un den Enseignantë selwer, d’Organisatioun vum Appui pédagogique an och anere Chargen an d’Hand ze huelen.

    Fort also vum Hierarchie-Denken an hin zu méi Eegeverantwortung a Flexibilitéit!

    Hei kënnt et och drop un, datt mir eis Virstellungen abréngen, wat d’Organisatioun vun de Schoulen ubelaangt am Kader vun deenen 12 Reglementer, déi do ze huele bleiwen (Gestioun vun der Schoul an den Equipen, d’Décharge fir d’Schoulcomitéen, Coordinateur de cycle, Bibliothécaire, Gestionnaire vun der Informatik, asw.). Net vergiesse soll een och déi nei Altersdéchargen, déi elo op de Proffen hir alignéiert ginn.

  3. Schliesslech de „Lissage“ um Schluss vun der Carrière, deen eng schlecht Erfindung vun der Regierung ass an dee vum Prinzip hir net akzeptéiert gëtt. Mat sou engem Schrëtt gëtt e Précédent geschaf, dee Konsequenzen an der ganzer Fonction publique kritt.




    Mir wäerten also d’Décisioun vun der Majoritéit vun de Schoulmeeschteren a Léierinnen respektéieren a weiderhin hir Cause plädéieren an hir Intérêtë vertrieden.

    De Reclassement an d’Carrière supérieure ass no der Décisioun vun 2004 fir e 4-jähregen Unis-Studium mat Bachelor-Ofschloss fir de Schoulmeeschter anzeféieren, e wichtege Schrëtt fir méi Unerkennung vun eisem Beruff!


SNE/CGFP 28.09.2008

 

                              
  

 
 


www.sne.lu
sne@sne.lu
 

SNE / CGFP :
Syndicat National des Enseignants
sne@education.lu
48 11 18 - 1

marquez
votre soutien
inscrivez vous au
service sne infomail
adhérez au
syndicat sne /cgfp